Skip to main content

News

CEV Euroleague 2024 - Round 2

| CEV Events
© CEV
© CEV

En schwéieren awer léierräiche 1ten Euroleague Weekend läit hannert de roude Léiwen. Elo steet den Tournoi an der Coque am Fokus. 

Dammen ouni Chance a Finland

Zu Tampere hu sech d' FLVB Dammen missen 2 mol kloer mat 0-3 géint Finland a Portugal geschloe ginn. Si konnte sech net séier genuch un den héije Rythmus gewinnen. Den Tournoi war awer gutt fir als Ekipp zesummen ze wuessen an sech op déi kommend Aufgaben ze preparéieren.

 Luxembourg  Finland  0-3 (7-25, 19-25, 9-25)
 Luxembourg  Portugal  0-3 (10-25, 13-25, 21-25)

Um Freideg an um Sonndeg spillen d' Red Lion Ladies am Gymnase vun der Coque géint d' Färöer Inselen an Ungarn. Virun allem am éischte Match gëllen d' Lëtzebuergerinnen als Favorit. Sollt hinnen d' Victoire gelengen ass, mat der Ënnerstëtzung vum Public, och géint Ungarn eng Surprise méiglech.

EuroleagueW Luxembourg Schedule

Friday 24th May 18h00  Luxembourg vs Faroe Islands
Saturday 25th May 18h00  Faroe Islands vs Hungary
Sunday 26th May 16h00  Luxembourg vs Hungary 

Hären no un der Surprise drun

A Portugal, zu Loulé, waren d' FLVB Häre ganz no un engem éischte Sazgewënn an der Golden League drun. Am éischte Saz géint Portugal sinn d' Lëtzebuerger ouni Drock ugetrueden an hunn d' Portugiesen zu Fehler gezwongen. Zäitwei loungen d' Lëtzebuerger mat 4 Punkten am Avantage. Géint Enn vum Saz konnten Gajin a Co den Deckel awer net drop maachen. Géint Spuenien war et e nervösen Optakt an eréischt am drëtte Saz hunn et d' rout Léiwen nees op iwwer 20 Punkte gepackt.

 Luxembourg  Portugal  0-3 (22-25, 19-25, 16-25)
 Luxembourg  Spain  0-3 (15-25, 17-25, 21-25)

Um Tournoi zu Lëtzebuerg hänken Kiischte géint d' Ukraine (Raning 9 an Tschechien 13) awer nach e Krack méi héich. Mee de Public dierf sech op spektakulär Ballwiessel freeën an eng Lëtzebuerger Ekipp déi wäert hiert Häerz um Terrain loossen fir déi gutt Leeschtung aus dem éischten Tournoi ze widderhuelen.

EuroleagueM Luxembourg Schedule

Friday 24th May 20h30  Luxembourg vs Czechia
Saturday 25th May 20h30  Czechia vs Ukraine
Sunday 26th May 18h30  Luxembourg vs Ukraine
FLVB News