Skip to main content

News

Gold, Gold a Sëlwer bei den JPEE

| NATIONAL TEAM
© FLVB
© FLVB

Et ass déi éischte Kéier iwwerhaapt datt esouwuel d' Dammen ewéi d' Hären d' Goldmedaille op de Spiller vun de klenge Länner gewannen. Zweemol gouf et e richtege Thriller an d' Lëtzebuerger hu missen un hier Grenze goen fir um Enn mat der Goldmedaille belount ze ginn.

De nächste Weekend geet et direkt mat der European Silver League weider. Vum 6.-8. Juni spillen Lëtzebuerger Hären zu Bartreng am Centre Atert géint Eisterräich an Island. D' Damme reesen a Georgien wou si niewent der Heemekipp och géint Lettland dierfen untrieden.

Eng staark Leeschtung gouf et och vun der Beachnationalekipp Klerf/Delcout. De Grondsteen fir hir Sëlwemedaille hu si schonn am Match géint Island geluecht. Mat der néideger Confiance goung et dunn och géint Andorra duer fir de Match ze gewannen. 

Beachteam Hilbert/Weber huet no Verletzung vum Colin Hilbert leider missen opginn a kommen um Enn awer nach op déi 4t Plaz.

Gratulatioun un all d' Athlethen, de Staff an d' Supporter op der Plaz.

FLVB News