Bartreng iwwerascht Luerentzweiler bei den Hären, Walfer behällt d' Rouh géint Bartreng.
Um drëtte Spilldag an der MIXVOIP League huet de VC Luerentzweiler doheem géint de Volley Bartreng misse seng éischt Defaite vun der Saison astiechen. Fenteng ka sech genee esou géint Iechternach behaapten ewéi Stroossen géint Amber-Lënster an de CHEV Diekirch géint den Escher VBC.
VC Fentange 1
-
VB Echternach 1
3:0 ( 25:20 25:17 25:19 )
VC Lorentzweiler 1
-
Volley Bartreng 1
1:3 ( 17:25 25:14 18:25 19:25 )
VC Stroossen 1
-
VB Amber-Lënster 1
3:0 ( 25:18 25:11 25:19 )
CHEV Diekirch 1
-
Escher VBC 1
3:0 ( 25:16 25:16 25:18 )
Bei den Dammen goufen et déi éischt 5 Sätz Matcher vun der Saison. Hei konnt d'Résidence Walfer e kille Kapp géint de Volley Bartreng behalen a Fenténg setzt sech géint Iechternach duerch. Donieft konnt de VC Stengefort zu Mamer e Saz mathuelen iwwerdeems den Escher VBC no serréiertem éischte Saz keng Chance hat géint d' Gym Volley.