Um zweete Spilldag konnt sech de Volleyball Iechternach bäi den Hären e bëssen iwweraschend mat 3-1 géint de VC Belair duerchsetzen. Donieft huet sech de VC Fenténg mat Hänn a mat Féiss géint de Volley Bartreng gewiert, verléiert um Enn knapp mat 2-3 géint de Supercup Gewënner. An de Matcher Diekirch-Stroossen an Esch-Luerenzweiler konnte sech déi respektiv Favoriten Stroossen a Luerenzweiler all Kéiers mat 3-0 behaapten.
Bäi den Dammen huet de Volley Bartreng mat enger 3-2 Victoire géint de VC Stengefort wichteg Punkte kritt während Walfer, Mamer an d' Gym keng Problemer géint hir respektiv Géigner, Diekirch, Iechternach a Péiteng haten.