Vun den 3 Lëtzebuerger Vertrieder huet den VC Luerentzweiler d' Konschtstéck fäerdeg bruecht sech, no enger gudder Leeschtung am éischte Match (2-3 Defaite) doheem, auswäerts mat 3-0 ze behaapten a sech domatt fir d'1/16s Finallen am europäeschen Challengecup ze qualifizéieren. Am November heescht de Géigner Lycurgus Groningen aus Holland.
Donieft waren och de Volley Bartreng an de Vc Stroossen am Asaz. Béid Ekippe hu sech ganz éierbar aus der Affär gezunn. Bartreng huet am eenzege Match géint Maccabi Tel Aviv den éischte Saz gewonnen, duerno awer missen de Géigner hier Iwwerleeënheet unerkennen. Och 1 Saz konnt de Vc Stroossen am Allermatch zu Komarno an der Slowakei gewannen. Zu Stroossen konnte si dat nach verbesseren an hunn no 0-2 Réckstand nach emol op 2-2 ausgeglach. No 2 Defaiten (1-3 an 2-3) war de Lëtzebuerger Champion dann awer elimniéiert.