Skip to main content

News

MEVZA U18 Tournoi

| NATIONAL TEAM

Ufank Januar hunn eis U18 Nationalekippen eng éischte Kéier un engem MEVZA Tournoi participéiert. 

D' U18 Jongen sinn op Maribor (SLO) gereest wou am ganze 9 Ekippen an 3 Poolen agedeelt waren. An der Lëtzebuerger Pool huet et mat engem Sazgewënn géint Israel ganz gutt ugefaang. Leider konnten déi jonk roud Léiwen dësen Exploit net widderhuelen a verléieren duerno all Kéiers mat 0-3 géint Eisterräich, Slowakei an Zypern.

Och 9 Ekippen ware beim Tournoi zu Zadar (CRO) beim U18 Meedercherstournoi dobei. Hei haten déi jonk rout Léiwinnen e ganz schwéieren Optakt géint Tschechien an Ungarn. An der Platzéierungsronn hu si den éischte Match och mat 0-3 géint Israel verluer éier si géint Zypern konnten e Saz gewannen. 

Béid Nationalekippen brenge wäertvoll Erfahrunge mat zréck op Lëtzebuerg.

FLVB News