FLVB News
Bäi den Dammen gewënnt de VC Mamer 5 Sätz géint Gym Volley iwwerdeems de CHEV Dikrech an och de Volleyball Iechternach hir respektiv Géigner Péiteng a Stengefort un de Bord vun engem Sazverloscht drécken. Zweemol konnte sech d' Favoritten awer nach in extremis mat 27-25 behaapten. Walfer hat am Match géint de Volley Bartreng keng gréisser Problemer eng weider Victoire ze feieren.
| GYM Dames 1 | VCM Dames 1 | |
| RSRW Dames 1 | VB Dames 1 | |
| VCSTE Dames 1 | VBE Dames 1 | |
| CHEV Dames 1 | V80P Dames 1 |
An och bäi den Hären war den 11te Spilldag näischt fir schwaach Nerven. Am Match tëschent Fenteng an Iechternach goufe 4 vun de 5 Sätz mam klengstméiglechen Ënnerscheed vun 2 Punkten decidéiert. Um Enn konnt sech Fenténg mat 17-15 am fënnefte Saz duerchsetzen. Ähnlech spannend war et bäi Dikrech géint Esch wou den Escher trotz der 2:3 Defaite den éischte Punkt vun der Saison verbuche konnt. Méi kloer woren Matcher Stroossen - Bartreng a Luerenzweiler - Belair wou sech d' Heemekipp all Kéiers kloer behaapt huet.
| VCF Hommes 1 | VBE Hommes 1 | |
| VCS Hommes 1 | VB Hommes 1 | |
| VCL Hommes 1 | VCB Hommes 1 | |
| CHEV Hommes 1 | EVBC Hommes 1 |