FLVB News
D' Wierfele si gefall. Nodeems et de VC Stroossen am leschte Match vun der Qualifikatioun erwëscht huet, bleiwe just d' Damme vun der Résidence Walfer ongeschloen an der Novotel Ligue. Un der Tabellesituatioun ännert d' Victoire vum Volley Bartreng géint de Champion Sortant awer näischt. Ganz enk ass et ëm déi 4t Plaz ginn. Hei entscheed de Sazquotient zu Gonschte vum CHEV Dikrech virum VC Fenteng. Ënnenof konnt de Volleyball Iechternach déi 2 Nohuelmatcher géint de Belair an den VB Amber-Lënster gewannen a konnt dobäi och Spiller aus der eegener U17 Ekipp asetzen !!
Bei den Dammen huet de Volley80 Péiteng um zweetleschte Spilldag eng Iwweraschungsvictoire géint de VC Mamer konnte verbuchen, woubei bei Mamer d' Passeuse Lindsay Dowd awer verletzungsbedingt huet missen ersat ginn.