FLVB News
Mamer behaapt sech am Spëtzematch bei den Dammen mat 3-0 bei der Gym. Walfer confirméiert mat enger 3-0 Victoire géint de VC Stengefort, genee wéi Péiteng zu Bartreng an Esch zu Dikrech.
Bei den Häre hute de VC Fenteng fir d' Iwweraschung vum Weekend gesuergt andeems si den Volley Bartreng mat 3-2 néiergekämpft hunn. Stroossen wënnt genee esou kloer 3-0 um Belair, ewéi Dikrech géint Amber-Lënster. E weideren 3-0 gouf et fir de VC Lorentzweiler beim Volleyball Iechternach.