Skip to main content

News

Fellinger-Baustert starten an déi nei Beach Saison

| BEACH
Tags: Beach

Den 8. Februar stoung den A-Cup zu Bonn um Programm. De Felix Fellinger spillt dës Saison mam Pierre Baustert. De Pierre ass een Newcomer an der Beachvolleyball Zeen a spillt dëst Joer seng éischt richteg Beachvolleyball Saison mam Felix. Am Turnéier kommen si op eng gutt 7. Plaz. Nodeems si den éischte Match géint de Seed 2 verluer hunn, fannen si hire Wee an den Tournoi a kënne sech mat 2 Victoiren (zwee mol 2:1) hiren 1 DVV Punkt sécheren. Am leschte Match huet hinnen déi neidesch Kraaft gefeelt fir de Match erfollegräich ofzeschléissen a verléiere knapps 1:2. 

FLVB News