FLVB News
Lëtzebuerg wiert sech géint Holland a Nordmazedonien
Um Samschdeg hunn d' rout Léiwe géint den 13. op der Weltmeeschterschaft 2025 mat 0-3 verluer. Géint déi groussgewuessen Hollänner hunn d' Lëtzebuerger awer eng couragéiert Leeschtung gewisen. Am zweete Saz waren d' Lëtzebuerger, no 3 Punkten Avantage bis 12-9, nach bis 15-16 un den Hollänner drun, konnten duerno awer net méi mat halen. Virun allem den Opposite Sil Meijs huet, mat enger Quot vu 70% an der Attack, an 20 Punkten am Total de Lëtzebuerger d' Liewe schwéier gemaach. An de Sätz stoung et um Enn (17-25, 22-25 a 16-25)
Um Sonndeg Owend sinn d' Lëtzebuerger géint Lokalekipp ugetrueden. Hei konnte Lëtzebuerger viru bal 1000 Spectateuren am éischte Saz iwwerraschen. Mat vill Drock um Service an duerch eng stabil Receptioun huet Lëtzebuerg den éischte Saz mat 25-23 gewonnen. Nees eng Kéier war et awer de géignereschen Diagonalspiller, an dësem Fall, de Nikola Gjorgiev, dee mat 30 Punkten de Match dominéiert huet. An de Sätz 2 an 3 konnten d' Lëtzebuerger nach gutt mathalen (21-25, 20-25) waren am véierte Saz awer däitlech ënnerleeën (13-25).
Déi intensiv Wochen an der European League gi schonn dëse Weekend an der Schwäiz weider. Den Donneschdeg Moie fueren d' Lëtzebuerger mam Bus op Kriens wou si dann de Freideg 12.6. um 18h30 géint Schwäiz an um Samschdeg 13.6. 18h30 géint Ungarn spille.
Am Verglach zu Nordmazedonien gett den Akos Bibel duerch den Tim Mangen ersat.