An der MixVoip League bei den Dammen treffen an der Finall den Titelverdeedeger VC Mamer an Gym Volley openeen. An den Halleffinalle konnt Mamer Revanche huelen fir den Out an der 1/4s Finall vun der Coupe de Luxembourg an huet d' Résidence am fënnefte Saz mat 18-16 bezwongen. An der zweeter Halleffinall konnt de frëschgebakene Coupegewënner Gym Volley d' Confiance mathuelen an huet dem VC Stengefort keng Chance gelooss.
Bei den Hären kënnt et dëst Joer zum Duell tëschent dem VC Luerentzweiler an dem VC Stroossen. Stroossen huet no den 2 Victoiren géint de CHEV Diekrech d' Méiglechkeet d' Saison 2025/2026 awer nach mat engem Titel ofzeschléissen. Nodeems d' Supercoupe un de Vc Fenteng gaang war den Doublésgewënner vun zejoert schonn an der 1/8s Finall vun der Coupe eliminéiert ginn. Den VC Luerentzweiler konnt änlech der Gym den Elan vun der Coupe zu Bissen mathuelen an huet dem Volley Bartreng an den 2 Matcher grad mol 1 Saz zougestan.
Déi éischt Finalle ginn um zweete Weekend vun der Ouschtervakanz (11./12. Abrëll) gespillt.