Skip to main content

News

Euroleague 2024 in the books

| CEV Events
© CEV
© Yasser Albasty

An hire leschte Matcher an der European Silver a Golden League konnten eis Nationalekippe nach emol weisen datt si verdingt an dëse Kompetitiounen stinn. Fir eis Männer war et déi éischte Victoire iwwerhaapt an der Golden League.

Et war e laangen a spannende Match wou d' Lëtzebuerger mat vill Courage gespillt hunn an den éischte Saz gewanne konnten. Och wann den zweeten an drëtte Saz un den Aserbaidschan gaange sinn, woussten Braas a Co datt si de Level hunn fir de Match ze dréinen. Dëst ass hinne gelongen. Am zweete Match an Estland hat Heemekipp hier lescht Chance fir de Final4 wollte notzen an huet Lëtzebuerg zu kengem Moment erukomme gelooss. 

 Luxembourg  Aserbaidschan  3-2 (25-20, 22-25, 21-25, 25-17, 15-11)
 Luxembourg  Estland  0-3 (9-25, 16-25, 11-25)

Eis Red Lion Ladies hu missten a Georgien untrieden. Géint Heemekipp hunn d' Dammen e staarken éischte Saz gewisen an deem si zäitwies bis zu 5 Punkte vir loungen. Um Enn huet de Courage gefeelt fir de Sak zou ze maachen. An den Sätz 2 an 3 hunn d' Georgier hiere Gréisstevirdeel am Block ausgenotzt an d' Lëtzebuergerinnen hu keng Léisunge méi fonnt. 

De Fokus loung dunn um zweete Match géint Island. D' Ekipp war gutt preparéiert an de Match gaang, huet awer zwee an en hallwe Saz gebraucht fir hier Qualitéiten op den Terrain ze brengen. Eréischt wou Island 23-18 am drëtte Saz virloung hunn d' Lëtzebuergerinnen u sech gegleewt an de Saz gedréint. Änlech Situatioun am véierte Saz wou eng Serie vun Servisser bei Island bei 21-24, 3 Matchbäll erméiglecht huet. Nees hunn van Elslande, Mulli an Tarantini de Saz gedréint. Am fënnefte Saz war Moral bei den Islännerinne gebrach an Lëtzebuerg huet sech an e Rausch gespillt.

 Luxembourg  Georgien  0-3 (24-26, 18-25, 15-25)
 Luxembourg  Island  3-2 (21-25, 18-25, 25-23, 27-25, 16-14)

External Photo Gallery Link(s)

FLVB News