Um leschten Tournoi vun der CEV Volleyball European League huet Lëtzebuerg doheem géint Éisträich a Griichenland zweemol mat 0-3 verluer.
Bei héijen Temperature war den Drock e Freideg géint Éisträich ze héich fir d' rout Léiwen. Si wollten et besser maachen ewéi nach Woche virdru bei de MEVZA Senior Championships an aus der 2-3 Defaite deemools elo eng Victoire realiséieren. Ma, d' Éisträicher haten eppes dogéint. Anescht ewéi d' Lëtzebuerger hunn si kaum Feeler gemaach an den Drock um Service héich gehal. An den éischten zwee Sätz lounge Gäscht séier mat groussen Ecart am Avantage. Doduerch hunn d' Lëtzebuerger misse méi Risiko huelen an hunn zousätzlech Feeler produzéiert. D' Resultat war batter (14-25, 12-25).
De Coach huet reagéiert an d' Ekipp op de Baussepositioune gewiesselt. Den Optakt vum drëtte Saz war besser (7-8) bis sech nees onnéideg Mëssverständnisser ageschlach hunn. Éisträich huet nees dominéiert a bei 9-16 huet kee méi un en Revirement gegleeft. Éisträich gewënnt dann och den drëtte Saz mat 25-15 a konnt seng zweet Victoire an der European League realiséieren.
E Sonndeg stoung dann am spéiden Nomëtteg de Géigner Griichenland als Ofschloss um Programm. Griichen hu missen héich gewanne fir datt si eng Chance op d' Qualifikatioun fir Europameeschterschaft ze behalen. Dowéint waren d' Erwaardungen aus Lëtzebuerger Siicht am Virfeld net all ze Grouss.
Rout Léiwen hunn iwwerrascht.
Braas a Co sollten de sëlleche Spectateuren awer de Géigendeel beweisen. Lëtzebuerg huet en anert Gesiicht gewisen ewéi nach e Freideg. Si waren aggressiv um Netz, konstant an der Receptioun a kreativ an der Ballverdeelung. Och d' Griiche waren dovun iwwerrascht ginn. Si haten um Samschdeg nach Éisträich mat engem 3-1 geklappt. Géint Lëtzebuerg hunn si vill Bäll an den Aus geschloen a koumen ni richteg an de Match.
D' Lëtzebuerger hunn zesumme gekämpft a bewisen datt si eng Plaz an der European League verdéngt hunn. Zweemol 22-25 gounge Sätz 1 an 2 un d' Gäscht.
Och am drëtte Saz huet FLVB Selektioun net labber gelooss. Obwuel Griichenland bei 24-23 den éischte Matchball hat, konnte Lëtzebuerger dogéint halen. De Saz ass a Verlängerung gaang an och Lëtzebuerg hat d' Geleeënheete fir op 1-2 ze verkierzen. No impressionnanten 46 Minutten (3te Saz eleng) huet de Kapitän vun de Gäscht mat engem direkte Punkt um Service den 33-31 markéiert.
Konklusioun
Obwuel d' Lëtzebuerger all hir Matcher an der CEV Volleyball European League verluer hunn a nëmmen 1 Saz (géint Nordmazedonie) gewanne konnten, muss een hier Leeschtung unerkennen. Am Detail gesäit een datt vun de 6 Géigner, 4 ënnert den éischten 11 (vu 27) stinn, dorënner Holland, déi sech als Éischten an der Tabell fir d' Halleffinall qualifizéieren. Awer och Griichenland (Plaz 5), Schwäiz (8.) an Ungarn (11.) hunn sech am ieweschten Deel vun der Tabell klasséiert. Lëtzebuerg kënnt um Enn op déi 23. Plaz vu 27 Ekippen.
https://www-old.cev.eu/Competition-Area/CompetitionStandings.aspx?ID=1833
External Photo Gallery Link(s)
FLVB News

