Skip to main content

News

All Star Game kicks off National Team events

| NATIONAL TEAM
© Tiago Baptista
© Claude Spilman

Mam All Star Game starten d' Lëtzebuerger Volleyball Nationalekippen an Saison 2026 an der MEVZA respektiv European League.

Nodeems sech d' Red Lion Ladies no deels laangen a spektakuläre Ballwiessel hu misse mat 1-3 géint MIXVOIP League Allstars geschloe ginn, konnten Red Lions mat däitlech verjénktem Kader mat engem souveränen 3-0 iwwerzeegen.

Fir béid Nationalekippen geet et vun en Donneschdeg 21.5. un an der MEVZA Senior League ëm Punkten an der Ranglëscht. Géigner sinn all Kéiers Zypern, Ungarn, Kroatien an Eisterräich. 

Duerno geet et fir Red Lion Ladies an Dänemark d' Qualifikatioun zur European League. Géigner si vum 29. bis den 31. Mee Albanien, Litauen an Dänemark.

D' Hären si schonn fir European League qualifizéiert. Hier Géigner an den 3 Tournois'en heeschen:

  • Holland a Nordmazedonien den 6. a 7. Juni zu Strumica (MKD)
  • Schwäiz an Ungarn den 12. a 13. Juni zu Kriens an der Schwäiz
  • Griechenland an Eisteräich den 19. an 21. Juni zu Lëtzebuerg an der Coque

Ticket'en fir Matcher zu Lëtzebuerg kënnen elo schonn am Virverkaf reservéiert ginn.

Euroleague 2026 Men

External Photo Gallery Link(s)

FLVB News