Skip to main content

News

CEV - Euroleague 2024 - Round 3

| NATIONAL TEAM
© Francis Manderscheid | volleyball.lu
© Francis Manderscheid | volleyball.lu

D' Red Lion Ladies konnte géint Färöer Inselen beweisen wat si kënnen. No engem nervösen Optakt hu sech d' Lëtzbuergerinnen mat enger konstanter Leeschtung konnte mat 3-0 behaapten. Et war déi éischt Victoire iwwerhaapt fir d' FLVB Dammen an der CEV European Silver League. Den Sonndeg géint déi nach ongeschloen Ungarinnen waren Lëtzebuerger nees an der Roll vum Outsider. Si hu phaseweis gudd mathale kënnen ouni awer de Favorit a Bedrängnis ze brengen. 

Den 29. Mee geet et weider richtung Georgien wou d' Red Lion Ladies, niewent der Lokalekipp, och op den ale Bekannten, Island, treffen, an eng weider Victoire feiere wëllen.

 Luxembourg  Faroe Islands  3-0 (25-21, 25-17, 25-17)
 Luxembourg  Hungary  0-3 (17-25, 14-25, 19-25)

Fir d' Lëtzebuerger Hären war et sécherlech en Highlight géint zwou Ekippen dierfen ze spillen déi souwuel Participatiounen un Europa-ewéi och Weltmeeschterschaften an hirem Curriculum stoen hunn.  Géint Tschechien haten d' rout Léiwe net hiere beschten Dag erwëscht. Virun allem an der Receptioun ware si dem Drock vun de Gäscht hiren Servicer net gewuess. Um Sonndeg konnte si sech mat enger gudder Leeschtung géint d'Ukrain awer zréckkafen. Nach goung et net duer fir en éischte Saz an der Golden League ze gewannen, mee d' Usätz hu gestëmmt an d' Spectateuren goufe mat guddem Volleyball verwinnt.

Fir d'FLVB Selektioun geet et elo nach an Estland wou si och op den Aserbaidschan treffe wäerten, déi bis elo, an dëser Campagne, och nach kee Saz gewanne konnten.

 Luxembourg  Czechia  0-3 (17-25, 13-25, 22-25)
 Luxembourg  Ukraine  0-3 (16-25, 19-25, 20-25)

External Photo Gallery Link(s)

FLVB News