Skip to main content

News

Beach Nations Cup 2024

| BEACH
Tags: Beach

An der Pool C beim Beach Nations Cup zu Hamburg kommen d' Lëtzebuerger op déi 5t Plaz. 

An der éischter Ronn konnte Stracks/Zender an Weber/Hilbert géint Moldawien mat 2-1 gewannen. Iwwerdeems Stracks/Zender hiere Match hu misse mat 18-21 an 13-21 ofginn, konnte Weber/Hilbert mat 21-18 an 21-10 gewannen. De Golden Set hunn Weber/Hilbert mat 15-13 gewonnen. 

An der zweeter Ronn haten d' Lëtzebuerger géint de spéidere Gewënner Däitschland keng Chance a verléiere kloer mat 0-2.

Eng weider Chance kruten d' Lëtzebuerger Beacher dunn géint Slowenien. Trotz gudden Kampfgeescht hunn sech um Enn d' Slowenen mat 2-0 duerchgesat. Um Enn kënnt Lëtzebuerg virun Zypern a Punktgläich m at Moldawien op déi 5t Plaz.

FLVB News