Aus dem Indoor Beräich ass et Nouvelle datt 3 Lëtzebuerger Veräiner sech fir den CEV Volleyball Challenge Cup ugemellt hunn. Niewent dem VC Stroossen an dem VC Luerentzweiler, déi schonn d' lescht Saison international ënnerwee woren huet sech och nach d' Gym Volley bei den Dammen ageschriwwen. Fir d' Gym ass et déi éischt Participatioun zënter 1998. D' Auslousung vun de Géigner ass den Mëttwoch 15. Juli um 12:00 zu Lëtzebuerg.