Skip to main content

News

CEV Challenge Cup - Stroossen géint Budva éliminéiert

| Coupe d'Europe
© Francis Manderscheid | volleyball.lu

Am europäesche Challenge Cup am Härevolleyball ass de VC Stroossen géint Budva aus Montenegro eliminéiert  ginn. No enger knapper 2-3 Néierlag am Allermatch hat Stroossen nach Chancen, mat engem 3-0 oder 3-1 Heemvictoire weiderzekommen. Den Optakt war gutt: Stroossen huet den éischte Saz mat 25-23 gewonnen. Am zweete Saz huet Budva sech duerch eng staark Service-Serie vum Dodic mat 25-18 duerchgesat. Den drëtte Saz war laang spannend, mee Budva huet erëm knapp mat 25-23 gewonnen. Fir d’Qualifikatioun hätt Stroossen missen 3-2 gewannen an duerno de Golden Set, mee am véierte Saz huet Budva séier dominéiert an 25-18 gewonnen. Dodic war entscheedend fir Budva, déi domat Stroossen eliminéieren.

External Photo Gallery Link(s)

FLVB News