Skip to main content

News

Mamer a Stroossen verdeedegen d' Coupe

| Coupe de Luxembourg
© Francis Manderscheid | volleyball.lu
© Francis Manderscheid | volleyball.lu

Et ass déi 15te Coupe de Luxembourg  fir de VC Mamer an déi 16ten fir de VC Stroossen.

D' Dammefinall tëschent Mamer a Walfer war en Op - an Of op béide Säiten. Am éischte Saz war d'Résidence net op der Héicht. Mamer huet mat vill Drock um Service de Grondsteen fir e klore Sazgewënn geluecht. Dräi mol huet Walfer gewiesselt an ass domatt besser an de Match komm. Den zweete Saz war just de Konträr. Hei wousst de Vc Mamer net méi wéi hinne géif geschéien. Den drëtte Saz war méi equilibréiert mam besseren enn fir den Titelverdeedeger, deen am 4te Saz nach emol en dropgeluecht huet, Walfer keng Loft ginn huet an domatt verdengt e weidere Coupetitel feiere konnt.

VCM Dames 1  - RSRW Dames 1 3:1 ( 25:16 13:25 25:20 25:10 )  

Bei den Hären huet de VC Fenténg am éischte Saz mat kraftvollen Servicen de Match spannend gehal. An der decisiver Phaser waren déi Stroossener awer ëmmer e Schrëtt viraus. Och am zweete Saz waren d' Outsider no drun. Och nodeems d'Stroossener Renan Ribeiro, Pablo Camargo an duerno den Mateja Gajin sech liicht blesséiert hunn, war d' Lolkalekipp ëmmer op der Héicht an hat op all Fenténger Aktioun déi passend Reaktioun. Ufank vum drëtte Saz huet een béiden Ekippen d' Middegkeet vun den Halleffinallen ofgesinn. Hei hat den Titelverdeedeger déi besser Reserven an och Alternativen op der Bänk. Domatt war de 16ten Coupetitel fir de VC Stroossen gewonnen.

VCF Hommes 1  - VCS Hommes 1 0:3 ( 21:25 22:25 14:25 )  

Fotoen fannt fir wéi gewinnt op volleyball.lu

External Photo Gallery Link(s)

FLVB News