Skip to main content

News

Stroossen fir 20st an Gym Volley fir 10t Champion vun Lëtzebuerg

| Championnat
© Francis Manderscheid | volleyball.lu
© Francis Manderscheid | volleyball.lu

An der Mixvoip League bei den Hären heescht de Champion nees eng Kéier VC Stroossen. Den Titelverdeedeger konnt sech schonn am zweete Match d' Meeschterkroun opsetzen a klappt de VC Luerentzweiler genee esou wéi am éischte Match vun der Serie Best of Three mat 3-1.

Am Match ëm déi drëtte Plaz kommt sech de Volley Bartreng mat 3-0 géint de CHEV Dikrech behaapten. Am Playdown muss den VB Amber-Lënster nees zréck an d'éischt Divisioun a gëtt vum VC Belair ersat. Well et kee Barragematch bei den Häre gëtt dierf den Escher VBC genee wéi den Volleyball Iechternach an de Vc Fenteng fir nächst Saison an der Mixvoip League plange.

VC Stroossen 1  - VC Lorentzweiler 1 3:1 ( 29:27 21:25 25:21 25:23 )      
VC Lorentzweiler 1  - VC Stroossen 1 1:3 ( 20:25 25:18 16:25 19:25 )      

 Bei den Dammen konnt den Doublégewënner vun 2025 VC Mamer d' Rudder net nach emol emrappen. Nodeems Mamer den éischte Match mat 3-2 gewanne konnt huet Gym Volley doheem, och mat engem 3-2 ausgeglach. Am decisiven drëtte Match huet Gym beim VC Mamer mat 3-0 keng Chance gelooss.

Déi drëtt Plaz bei den Dammen geet duerch en 3-0 géint Walfer un de VC Stengefort. Den VC Fenteng muss no enger Saison nees zréck an déi éischt Divisioun a gëtt duerch de VC Belair ersat. De Sonndeg 3. Mee kënnt et nach zum Barragematch tëschent dem Volleyball Iechternach an dem CHEV Dikrech. Scho méi laang gewousst ass, datt den Escher VBC an de Volley Bartreng weider an der héchster Divisioun spillen dierfen.

VC Mamer 1  - CS GYM Volley 1 3:2 ( 27:25 14:25 27:25 15:25 15:13 )      
CS GYM Volley 1  - VC Mamer 1 3:2 ( 25:16 25:21 26:28 22:25 15:10 )      
VC Mamer 1  - CS GYM Volley 1 0:3 ( 22:25 17:25 20:25 )   

External Photo Gallery Link(s)

FLVB News