FLVB News
Bei den Dammen konnten d' Gewënner vum éischte Spilldag hir Victoire confirméieren. Eng gutt agespillten Gym volley Ekipp huet Bartreng keng Chance gelooss an de VC Fenténg war géint den Titelverdeedeger VC Mamer deels iwwerfuerdert. Stengefort konnt no 2 verluerene Sätz en éischten Erfolleg géint Walfer feieren war am véierte Saz awer net méi konsequent genuch. Am Sonndesmatch huet de Volleyball Iechternach sech gutt géint den Escher VBC gewiert, konnt awer keen Saz gewannen.
Bei den Hären hut de CHEV Dikrech zu Bartréng missen eng éischt Defaite astiechen. An enger ganz serréierter Partie huet d'Heemekipp in extremis de 5te Saz konnten evitéieren. Stroossen huet Revanche géint de VC Fenténg geholl a Luerentzweiler huet Amber-Lënster kee Saz gegënnt. Eng éischt Victoire gouf et fir de Volleyball Iechternach am Heemmatch géint den Escher VBC.