Um éischte Spilldag an der MIXVOIP League konnten all Favoritten hir Matcher gewannen. Nodeems de VC Mamer kuerze Prozess mam Volleyball Iechternach gemaach huet, konnt och d' Gym Volley beim VC Stengefort dominéieren. Méi enk an awer an 3 Sätz huet den Escher VBC de Match géint de Volley Bartreng decidéiert. Um Sonndeg Owend konnt d' RSR Walfer och mat der zweeter 6 géint de VC Fenténg gewannen.
VC Mamer 1
-
VB Echternach 1
3:0 ( 25:13 25:12 25:7 )
VC Steinfort 1
-
CS GYM Volley 1
0:3 ( 12:25 17:25 20:25 )
Escher VBC 1
-
Volley Bartreng 1
3:0 ( 25:22 25:23 25:17 )
RSR Walfer 1
-
VC Fentange 1
3:0 ( 25:14 25:15 25:16 )
Och bei den Hären goufen et a 4 Matcher, véier 3:0 Victoiren fir d' Favoritten. Hei huet den Escher VBC de Volley Bartreng am drëtte Saz bis an Verlängerung gezwongen. Stroossen war genee esou souverän géint Iechternach ewéi Dikrech géint de VB Amber-Lënster. E bëssen Iwwerraschend war déi kloer 3-0 Victoire vun Luerentzweiler géint de Supercup Gewënner Vc Fenteng um Sonndeg.