VC Mamer bei den Dammen an VC Stroossen bei den Hären.
Iwwerdeems de VC Mamer an 2 Matcher géint den RSR Walfer de Champion konnt fir sech decidéieren huet de VC Stroossen missen an engem drëtte Match géint de Volley Bartreng untrieden. Hei hunn déi Stroossener mat engem 3-0 den 19. Championstitel an der Veräinsgeschicht kloer gemaach. Fir de VC Mamer ass et de 14. Championstitel.
Am Playdown bei den Dammen ass elo och kloer datt de VC Stengefort muss an de Barage géint de VC Stroossen. Den Volleyball Iechternach muss no enger 3-0 Victoire am leschte Match géint Bartreng awer de Wee zréck an d'éischt Divisioun goen.
Bei den Hären stoung scho virum leschte Spilldag fest datt den VB Amber-Lënster d' Nationaldivisioun als 8t Ekipp komplettéiert. Gewousst ass elo och datt et bei den Häre kee Baragematch wäert ginn.