An den éischte Matcher vun de Finallen vum Championnat 2024/2025 konnten d'Damme vum VC Mamer an eegener Hal mat engem 3-1 iwwerzeegen a kënnen elo mat enger Auswäertsvictoire de nächste Samschdeg zu Walfer den éischte Championstitel zënter 2016 feieren.
Bei den Hären konnt de Volely Bartreng an eegener Hal de Coupegewënner Stroossen dës Kéier net iwweraschen. d' Sätz 1 an 3 ware wuel ganz serréiert ma um Enn konnt sech den Titelverdeedeger freeën. Stroosse kann elo e Samschdeg am spéide Nometteg den Sak zou maachen an mat engem 19 Titel de nationale Palmarès alleng uféieren.
An de Matcher em Plaz 3 konnte sech d' Gym Volley bei den Dammen auswäerts zu Péiteng an de Vc Luerentzweiler doheem géint de VC Fenteng behaapten.
Am Playdown vun den Dammen ass mëttlerweil kloer datt de Volleyball Iechternach no enger gudder Saison awer nees zréck an d'1t Divisioun muss goen, si ginn duerch de VC Fenteng ersat. Wien an de Barragematch kënnt entscheed ass awer nach net gewousst. Bei den Hären gett et jo dest Joer keen Ofsteiger. Hei gesäit den Ament alles duerno aus wéi wann den VB Amber-Lënster géif no enger Saison an der éischter Divisioun nees zréck an déi héchsten Divisioun géif klammen.