Spannend Matcher am Dammechampionnat a kloer Resultater bei den Hären
Direkt 3 mol goung et de Weekend bei den Dammen iwwert déi voll Distanz vu 5 Sätz. Freeë konnte sech dobei de VC Stengefort (géint Iechternach), d' Gym Volley (géint de Volley Bartreng) an de V80 Péiteng (géint Walfer). Eenzeg den aktuelle Coupegewënner Mamer konnt sech kloer géint den Escher VBC duerchsetzen.
VBE Dames 1
-
VCSTE Dames 1
2:3 ( 16:25 25:19 20:25 25:13 9:15 )
GYM Dames 1
-
VB Dames 1
3:2 ( 20:25 22:25 25:23 25:21 15:8 )
V80P Dames 1
-
RSRW Dames 1
3:2 ( 25:12 25:21 23:25 21:25 16:14 )
EVBC Dames 1
-
VCM Dames 1
0:3 ( 19:25 15:25 20:25 )
Bei den Hären huet de CHEV Dikrech e Saz beim Volley Bartreng matgeholl iwwerdeems de VC Fenteng (géint Stroossen) an den Escher VBC (Vc Lorentzweiler) keng Chance haten.