Skip to main content

News

National Ligue Day 3

| Championnat
© Emile Mentz | RTL

Um drëtte Spilldag deit sech eng spannend Saison bei den Dammen un. Bei den Hären gewannen d' Favoritten.

Den Vc Stengefort huet sech mat enger kämpferescher Leeschtung géint den Escher VBC mat 3-1 behaapte kënnen, dëst nëmmen 1 Woch nodeems déi Escher nach d'Gym bezwongen haten. Gutt matgehal huet och de Volley Bartreng, mat neier Passeuse, géint de Volley80 Péiteng. Beim Resultat vun 3-0 muss een dofir an den Detail kucke goen. Iechternach huet keng Chance géint Walfer an Gym verléiert och däitlech géint Mamer.

VCM Dames 1  - GYM Dames 1 3:0 ( 25:18 25:16 25:11 )   
RSRW Dames 1  - VBE Dames 1 3:0 ( 25:17 25:18 25:13 )   
VCSTE Dames 1  - EVBC Dames 1 3:1 ( 25:21 25:27 25:22 25:23 )   
VB Dames 1  - V80P Dames 1 0:3 ( 24:26 23:25 28:30 )   

Bei den Hären goufen et Victoiren fir de VC Stroossen doheem géint Iechternach, den Vc Lorentzweiler huet sech no verluerenem éischte Saz géint Dikrech nach emol erëmkaaft fir eng zweet Iwweraschungsdefaite (nom 2-3 géint Fenteng virun enger Woch) ze verhënneren an de Volley Bartreng behaapt sech 3-1 géint de Vc Fenteng.

VCL Hommes 1  - CHEV Hommes 1 3:1 ( 24:26 25:13 25:11 25:21 )   
VCS Hommes 1  - VBE Hommes 1 3:0 ( 25:10 25:12 25:19 )   
VB Hommes 1  - VCF Hommes 1 3:1 ( 25:13 25:17 21:25 25:23 )   
FLVB News