FLVB News
Am Juli huet d' FLVB zwee Camps organiséiert, bei deenen jonk Talenter aus eise Veräiner d'Geleeënheet haten, sech weiderzeentwéckelen a sech mat aneren Athleten auszetauschen.
High-Performance Camp | 16.–18. Juli
Vum 16. bis den 18. Juli hunn 28 Jonker aus 11 Veräiner un engem intensive Programm deelgeholl, mat all Dag zwou Volleyball-Sessiounen an enger Stonn Volleyball Theorie. Déi éischt zwee Deeg louch de Fokus op der technescher Entwécklung, ier den Ofschlossdag ganz am Zeeche vun der Spillpraxis stoung – souwuel am Indoor- wéi och am Beachvolleyball.
Summer Camp | 20.–24. Juli
Vum 20. bis de 24. Juli hu sech 50 Athleten aus 13 Veräiner eng ganz Woch laang mat verschiddene Schwéierpunkte beschäftegt: Beachvolleyball, Service a Receptioun, Attack a Block, souwéi Defense an Highball-Opbau. D'Gruppen waren dobäi no Niveau agedeelt ginn.
Ënnerstëtzung koum vun eise Nationalspiller Lilly Tarantini, Marie Schaack, Ryan Matilde Da Luz a Jérémie Feit, déi während der ganzer Woch aktiv derbäi waren – souwuel beim Coaching wéi och bei der Betreiung vun den Athleten an der Organisatioun vun den Owesaktivitéiten. Um leschten Dag gouf niewent engem mixed Beachvolleyball Tournoi och eng éischte Kéier en Sitting Volleyball Tournoi organiséiert.