Memorial Paolo Benvenuti - San Marino
Vum Christian Schanet
FLVB-Dammen trotz gudder Géigewier géint Cervia (I) ënnerleeën.
Um éischte Dag vum internationalen Tournoi Memorial Paolo Benvenuti zu San Marino verléiert eis Dammen Nationalequipe mat 0-3 géint eng stäerk italienesch Ekipp Mech Cervia Volley (aus der Serie B). Matt 21-25, 20-25, 20-25 hu sech eis Dammen no enger laanger Spillpaus (säit Enn vum Championnat) ganz gutt verkaf an waren am zweeten Drëttel vun all Saatz ëmmer am Rennen fir deen jeeweilegen Saatz fir sech zu entscheeden. Um Enn huet sech awer Qualitéit vum Géigner duerchgesat an eis rout Léiwinnen si leider ouni Saatzgewënn vum Terrain gaang. Den Trainerduo Vleminckx/Schanet war awer net onzefridden well sech all eenzel Spillerinnen fir den Erfolleg geopfert huet an och ganz vill Consignen konnten ëmgesat ginn. Feelend Spillpraxis huet een awer gemierkt, do war de Rhythmus net ëmmer op dem Level wou géint eng esou staark Cervia-Ekipp misst sinn.
Gespillt hun Nathalie Braas, Isabelle Frisch, Betty Hoffmann, Marie-Lou Bollendorff, Cindy Schneider, Carla Mulli an Maryse Welsch als Libera. Wéinst enger Knéiverletzung ass ënnert anerem Yana Feller net zum Asaz komm.
Domadder spillen eis Dammen haut Samschden géint Clai Imola (I - Serie B) fir 3. an 4. Platz. San Marino wosst an engem gudden Spill mat 3-0 geint Imola ze gewannen an spillt Final géint Cervia.
Schon a Donneschden Owend hu sech Lëtzebuerg an San Marino fir een Text-Lännermatch getraff. He hu béid Säiten dovunner profitéiert fir all den Kaderspillerinnen Asazzaiten ze ginn. Den éischten Saatz konnt Lëtzebuerg mat dem Starting-Six Nathalie Braas, Isabelle Frisch, Betty Hoffmann, Marie-Lou Bollendorff, Cindy Schneider, Carla Mulli an Maryse Welsch als Libera no enger gudder Leeschtung mat 25-23 gewannen. Duerno hu béid Saiten stäerk duerchgewiesselt an bei den Red Lions koumen Julie Teso, Yana Feller, Noa Reiland an Lena Wagner bis zum Schluss zum Asaz. Di béid läscht genannten Spillerinnen hunn domadder hiren Astand am A-Kader gefeiert. Den Match gouf um Enn mat 1-3 verluer.

Vum Christian Schanet:
FLVB-Dammen gewannen géint Profien vun Imola an huelen 3. Platz.
Um zweete Spilldag vum Memorial Benvenuti woussten eis rout Léiwinnen mat enger taktesch an disziplinéiert Top-Leeschtung géint Profien vun Clai Imola virun allem an deene éischten zwee Sätz méi ewéi z'iwwerzeegen. Iwwert gutt Servicer, homogenen Block an virun engem gudden Zouspill vum Nathalie Braas op seng zwou Mettelblockerinnen Cindy Schneider an Marie-Lou Bollendorff hun eis Damen mat engen ganz erfreelechen Optakt mat 25-20 virgeluecht.
Duerno woussten eis Dammen nach een Zant zouzeleeën an hunn d’Italienerinnen vun Imola oft an grouss Schwieregkeeten bruecht. Mat 25-19 huet Lëtzebuerg op 2-0 nogeluecht. Imola huet elo missten vollt Risiko goen, d’Ekipp vun Vleminckx/Schanet ass gewarnt ginn, trotzdeem ass d'Spill an dësem Saatz den Spillerinnen ronderëm d'Kapitänin Isabelle Frisch aus der Hand gerutscht. Imola huet ganz solid gespillt, huet aïskaal all Feeler vun den rouden Léiwinnen ausgenotzt an koum verdéngt mat 25-16 bei.
Duerno war et e Spill vun Nervestäerkt, d'rout Léiwinnen hu missten bäissen, un sech gleewen an Confiance halen. Dëse 4. Saatz war näischt fir schwaach Nerven, béid Ekippen hunn sech bei all Ballwiessel extreemst taktesch verhalen. Um Enn konnten zum richtegen Zäitpunkt Betty Hoffmann an Isabelle Frisch hier Stäerkt am Ugrëff ausgespillt. Mat weideren gudden Servicer huet Lëtzebuerg an der Money-Time Nervenstäerkt gewisen an sech verdéngt dëst Spill geholl.
Gespillt hunn Nathalie Braas, Isabelle Frisch, Betty Hoffmann, Marie-Lou Bollendorff, Cindy Schneider, Carla Mulli an Maryse Welsch als Libera. Agewiesselt goufen Julie Teso an Yana Feller. Ersatzspillerinnen waren nach: Noa Reiland an Lena Wagner.
Resultaat: LUX - Imola (I): 3-1 (20, 19, -16, 23)
An der Finalgewënnt San Marino an engem héichklassegen Match mat 3-1 géint Cervia an gewannen domadder hiren Memorial Tournoi Paolo Benvenuti.
