Memorial Paolo Benvenuti - San Marino
D’Dammen Nationalequipe huet sech mat hirem Chef de délégation Tom Kirtz op de Wee gemaach fir um 4. Memorial Paolo Benvenuti zu San Marino am Palestra Casadei di Seravalle deel ze huelen, wou se op d’Nationalequipe vu San Marino an zwou Equipen aus dem Italieneschen Championnat vun der Serie B, Cervia an Imola, treffen. En Donneschdeg ass awer och schonn en Trainingsmatch géint San Marino geplangt. Dësen Tournoi ass eng wichteg Virbereedung a Richtung Spiller vun de Klenge Länner d’nächst Joer am Montenegro a gëtt den Trainer Herman Vleminckx-Huybens a Christian Schanet d‘Méiglechkeet fir lo schonn di eng oder aner jonk Spillerin bei d’Roud Léiwinnen ze integréieren.
Selektionéiert sinn: Bollendorff Marie-Lou, Braas Nathalie, Feller Yana, Frisch Isabelle, Hoffmann Betty, Mulli Carla, Reiland Noa, Schneider Cindy, Teso Julie, Wagner Lena a Welsch Maryse.
Coach: Herman Vleminckx-Huybens; Assistant-Coach: Christian Schanet; Scout: Koen Beynen; Kiné: Nicolas Kerckhof; Chef de délégation: Tom Kirtz
