Logo: FLVB

Fédération Luxembourgeoise de Volleyball

3, route d'Arlon  •  L-8009 Strassen • Luxembourg

Tel: +352 - 48 41 86  •  Fax: +352 48 41 81 

Web: http://www.flvb.lu •  Email: mail@flvb.lu

Fédération Luxembourgeoise de Volleyball

 

Stage Red Fighting Lions zu Esch

 

vum Titi Schanet:

Am Hibléck op Bedeelegung um 4. Mémorial Paolo Benvenuti zu San Marino den 08. an 09. Juni haten sech d’Red Fighting Lions dësen Weekend fir een 3tägegen Stage zu Esch afonnt. Ënnert der Leedung vum Trainerduo Herman Vleminckx an Christian Schanet hunn Damen vum A-Kader an 5 Trainings-séancen vill un Technik, Spielverständnis an
-Taktik geschafft. Aus diversen Grënn kennen net all A-Spillerinnen bei dësem Event zu San Marino deel huelen, dofir gouf dovunner profitéiert aus dem erfollegräichen U19 Kader (SCD-Gold zu Liechtenstein) weider dräi Spillerinnen (Lena Wagner, Noa Reiland an Sarah Wolf) an den A-Kader ze intégréieren an hinnen dann Praxis op deem Level ze ginn.
Op dëser Platz scho emol een groussen Merci op Esch, virun allem un Mataarbechter vun der Sportshal. Ënnert gudden Konditiounen konnten d'Séancen ouni  Problemer ofgehalen ginn.
Déi dräi „Juniorinnen“ konnten sech ënnert der Mataarbecht vun allen A-Kader Spillerinnen gutt an Ekipp integréieren a woussten spilleresch den Niveau vun den Trainingsunitéiten bis zum Schluss matzegoen.
Fir dësen Event zu San Marino, wou niewent San Marino nach déi italienesch semi-professionell Ekippen vun My Tech Cevia Volley an CSI Clai Imola als Géigner feststinn, si folgend Spillerinnen scho emol preselektionéiert (d'Reglement vum Tournoi zu San Marino gesäit just en Ekippe-Kader vun 12 Spillerinnen vir): Isabelle Frisch (Kapitän), Nathalie Braas, Betty Hoffmann, Maryse Welsch, Carla Mulli, Sarah Wolf, Lena Wagner, Noa Reiland, Marie-Lou Bollendorff, Yana Feller, Cindy Schneider a Julie Teso.

Des an d'nächst Woch stinn nach di üblech Trainingsunitéiten an der Coque um Programm éier et nächsten Donneschden (07. Juni) iwwert Frankfurt via Bologna op San Marino geet.

Roude Léiw, one Team an huel se.

 

Logo: Facebook