Logo: FLVB

Fédération Luxembourgeoise de Volleyball

3, route d'Arlon  •  L-8009 Strassen • Luxembourg

Tel: +352 - 48 41 86  •  Fax: +352 48 41 81 

Web: http://www.flvb.lu •  Email: mail@flvb.lu

Fédération Luxembourgeoise de Volleyball

2018 CEV Volleyball European Championship - Small Countries Division - U19 Women

3. Victoire fir eis Faarwen!

vum Norma Kemp-Zambon

Ewéi an deenen aneren 2 Partien, gouf mat folgendem six de base ugefaangen: Yana Feller, Maelle Dickhoff, Jil Klein, Marie-Lou Bollendorff, Barbara Hougardy an Sarah Wolf. Eis Meedercher woussten, dass dëse Match genau esou schwéier, wann net nach e bësse méi, ewéi géint Färöer Insele géing ginn.

Schottland huet mat 100 à l'heure lass geluecht a beim Score vun 0-4 huet den Trainer schon en 1. Time Out geholl. Dee sollt allerdéngs net vill bewierken. Eis Meedecher kruten déi 2 Mëttelblockerinnen zu kengem Moment ënner Kontroll. Och staark Servicer vum Géigner hunn et eis net erlaabt den Schottinnen eist d‘Spill opzezwéngen. Si waren eis an allen Domäner iwweléen a gewannen no nëmmen 22 Minutten  den 1. Saatz mat 25-12.

Eist Trainerteam huet wärend dem Säitewiessel berouegend op d‘Equipe agewierkt an nach eng Kéier un den Mätchplang erënnert. Den 2. Saatz huet d‘Lena Wagner am Platz vum Barbara Hugardy ugefaangen. Direkt louchen eis Meedercher nees mat 2-5 hannen, mee si hunn sech an de Match eragebass a Ball fir Ball gekämpft. Taktik gouf ëmmer besser ëmgesat a beim Stand vun 10-10 war emol déi eng Equipe mol déi aner 2 Punkten fir. Beim Stand vun 19-18 sollt den Young Lion Ladies duerch en Block vum Lena Wagner an gudden Servicer en Ecart vun 4 Punkten geléngen, deen se bis Schluss net méi hier sollten ginn. 25-21 an 1-1 an de Sätz.

Mee och den 3. Saatz sollt nees ufänken ewéi déi 2 virdrun. D'Roud Léiwinnen lafen direkt engem Réckstand vun 3 Punkten bis zum Score vun 14-16 hannen drun. Dunn huet d‘Kapitänin Yana Feller seng Verantwortung iwwerholl a bréngt hir Faarwen mat 2 direkten Servicepunkten op 16-16. D’Lëtzebuerger Supporter stoungen ewéi ee Block hannert eisen Meedercher an d‘Maelle Dickhoff bréngt seng Faarwen mat 4 placéierten Servicer op 22-18. Dësen Saatz geet domadder mat 25-19 u Lëtzebuerg.

D‘Confiance war do an am 4. Saatz sollten eis Meedercher direkt firléen a beim Stand vun 2-0 an 5-1 hat Schottland seng 2 Temps-Morts scho geholl. Wee geduecht hat, de Match wär elo entscheet, deen huet sech awer nach e bësse missen gedëllegen. D‘Schottinnen hunn nämlech net labber gelooss an em all Ball gekämpft an beim Stand vun 16-16 opgeschloss. D‘Meedercher em d‘Kapitänin Yana Feller hunn awer erëm Gas ginn a si mat 20-17 dovu gezunn fir de Sack mat 25-20 zou ze maachen.

Am leschte Match géint Liechtenstein geht et lo em GOLD.

 

Match Details: CEV

Livestream: LIE

 

Foto: Peter Eichstädt

 

Logo: Facebook