Logo: FLVB

Fédération Luxembourgeoise de Volleyball

3, route d'Arlon  •  L-8009 Strassen • Luxembourg

Tel: +352 - 48 41 86  •  Fax: +352 48 41 81 

Web: http://www.flvb.lu •  Email: mail@flvb.lu

Fédération Luxembourgeoise de Volleyball

2018 CEV Volleyball European Championship - Small Countries Division - U19 Women

3-1 Victoire géint d’Färöer Inselen!

vum Norma Kemp-Zambon

Als 2. Géigner stoungen d’Färöer Inselen um Programm, e Géigner deen et absolut net ze ënnerschätzen gollt.

D’Traineren hunn onverännert zum 1. Match hiren six de base opgestallt. Vun Ufank un hunn Yana Feller, Marie-Lou Bollendorff, Jil Klein, Barbara Hougardy, Maelle Dickhoff an d’Gebuetsdagskand Sarah Wolf, fokusséiert a konzentréiert lassgeluecht an direkt e Break zum 6-1 erausgespillt. De Géigner sollt sech awer Ball fir Ball erukämpfen an zum 12-12 ausgläichen. Ënnert dem Impuls vum Yana Feller zéien eis Meedercher awer nees duerch eng super Defense Leeschtung an duerch drockvoll Servicer op 23-17 an entscheeden den 1. Saatz mat 25-20 zu hiren Gonschten.

Den 2. Saatz sollt ähnlech ufänken ewéi den 1. D’Young Lions Ladies leeën mat engem 12-7 fir, d’Färöer Inselen kämpfen sech nees zréck an de Saatz an iwwerhuelen beim Score vun 17-18 fir d’éischt Féierung am Match an daat virun allem duerch eng gutt Block- an Défenseaarbecht. Keng vun deenen 2 Equipe wollt zu dësem Zäitpunkt e Milimeter noginn. Den Asaz an de Kampfgeescht waren enorm. Laang Ballwiessel hunn de Schluss vum Saatz dominéiert a beim Stand vun 23-24, haten d’Färöer Inselen d’Méiglechkeet zum 1-1 auszegläichen. Eis Meedercher hunn hier Energie awer nach eng Kéier gebündelt a mat engem groussen Teamgeescht de Saatz nach gedréint an zu hiren Gonschten mat 26-24 entscheet.

Ween elo geduecht hat de Wëllen vun den Färöer Inselen wär gebrach, dee sollt eppes Besseren beléiert ginn. Mat Vollgas hu se den 3. Saatz ugefaangen an direkt en 3-0 higeluecht. Och den direkten uschléissenden Temps-Mort vun eiser Equipe sollt net verhënneren, dass eis Géignerinnen iwwert den Score vun 4-8; 5-13 a 7-16 fortgezu sinn. D‘Trainer hu reagéiert an eng ganz Partie Auswiesselungen gemaach. D‘Anna Ney fir d‘Maelle Dickhoff, d‘Lisa Wolf fir d‘Barbara Hougardy an d’Noah Reiland fir d‘Sarah Wolf. Dës Wiesselen haten zur Konsequenz dass d‘Young Lions Ladies sech op 13-17 erugekämpft hunn an et koum erëm Hoffnung op, dass mer de Match awer an 3 Sätz mat heem huelen. Do haten d‘Färör awer eppes dogéint a mat drockvollen Servicer wannen si de Saatz um Schluss verdéngt mat 25-14.

Mat neier Energie huet eis Equipe de 4. Saatz ugefaangen an onbeandrockt vum Verloscht vum 3. Saatz si se direkt mat 15-12 an 18-13 dovu gezunn. D’Taktik vum Match gouf nees 1:1 ëmgesat a beim Stand vum 21-14 war de Wëllen vum Géigner gebrach. Verdéngt gewannen eis Meedercher de 4. Saatz mat 25-19 an domadder och den 2. Match.

Och an dësem Match koum nees all Spillerin zum Asaz a jidder eenzelt huet zu dëser Victoire bäigedroen.

ROUDE LEIW - ONE TEAM

 

Match Details: CEV

Livestream: LIE

 

Foto: Peter Eichstädt

 

Logo: Facebook