NOVOTEL-CUP#31
Ofschloss haut vum Novotel Cup #31 an der Coque !

3. a leschten Dag haut vum Novotel Cup am Volleyball an der Coque mat gläich 4 Partien mat Lëtzebuerger Participatioun, eis zwou Nationalequippen sinn allebéid nämlech duebel am Asaatz.
Fir d’éischt probéieren eis Dammen um 13.00 scho Revanche ze huelen fir di knapp 1-3 Néierlag gëschter géint San Marino, ier si um 18.00 nach emol géint déi bis ewell ongeschloen Formatioun vun Terville-Florange untrieden.
D’Lëtzebuerger Hären spillen fir d’éischt um 15.30 géint d’U20 Sélectioun aus Däitschland, hei geet et dann schonn ëm de Schlusserfolleg vum 31. Novotel Cup.
Um 20.30 ass dann nach eemol England Géigner vun eisen Hären, déi fir den Ofschloss vum Tournoi nawell gären hiren kloren 3-0 Succès vu gëschter confirméieren wëllen.
Den intresséierten Spectateuren sief rappelléiert dass fir d’Matcher vun den Lëtzebuerger Nationalequippen eng Gratis – Navette vum (Gratis) Parking um Boulevard Konrad Adenauer bei d’Coque a Retour en permanence fonctionnéiert vun 16.45 bis 23.30 no der leschter Partie.
Circulatioun vun den Navetten all 10 Minutten:
Arrêt P&R Konrad Adenauer / Arrêt Coque

