NOVOTEL-CUP#31
Um 2. Dag vum Novotel Cup an der Coque sinn eis béid Volleyball Nationalequippen op der Sich no hirem 1. Succès an dësem Tournoi.

Um 18.00 Auer spillen eis Dammen géint San Marino, ee gutt bekannten Géigner, deen an der Mëttesstonn scho versiche wäert Revanche ze huelen fir di knapp 2-3 Néierlag gëschter géint d’Formatioun vun Terville-Florange.
Um 20.30 Auer dann ass et um Tour vun eisen Hären géint England, dat am Nomëtteg seng iwwerraschend Victoire gëschter géint di däitsch U20 Sélectioun probéiert ze confirméieren.
Béid Partien vun de Lëtzebuerger Nationalequippen den Owend loossen sech jiddefalls spannend an ausgeglach un !
Den intresséierten Spectateuren sief rappelléiert dass fir d’Matcher vun den Lëtzebuerger Nationalequippen eng Gratis – Navette vum (Gratis) Parking um Boulevard Konrad Adenauer bei d’Coque a Retour en permanence fonctionnéiert vun 16.45 bis 23.30 no der leschter Partie.
Circulatioun vun den Navetten all 10 Minutten:
Arrêt P&R Konrad Adenauer / Arrêt Coque

