Logo: FLVB

Fédération Luxembourgeoise de Volleyball

3, route d'Arlon  •  L-8009 Strassen • Luxembourg

Tel: +352 - 48 41 86  •  Fax: +352 48 41 81 

Web: http://www.flvb.lu •  Email: mail@flvb.lu

Fédération Luxembourgeoise de Volleyball

ISF World Schools Championship 2018

 

Vum Nora Kalich

D’Lëtzebuerger Volleyballfederatioun an d’Ligue des Associations Sportives Estudiantines Luxembourgeoises hunn mir d’Méiglechkeet ginn zënter dem 02.06. als Arbitter fir Lëtzebuerg bei den ISF World Schools Championship zu Brno (Tschechesch Republik) am Asaz ze sinn. Mat 28 verschidden Natiounen ass et een groussen internationalen Tournoi wou Lëtzebuerg mat zwou Equippen vertrueden ass. Als Arbitter hunn ech hei eng Woch laang déi grouss Chance vill flott Erfarungen ze sammelen an virun allem nach vill bäi ze léieren. Zesummen mat nationalen an internationalen Arbitteren aus allen vertrueden Natiounen däerf ech hei Volleyball Matcher op héijem Niveau päifen.

Ech soen jidderengem, den mech dobäi ënnerstëtzt e grousse Merci.

ISF Bulletin (1.02 MB)

 

Logo: Facebook