FLVB
1er week-end national de l’arbitrage.

Léif Sportsfrënn,
Dësen Weekend steet besonnesch am Zeechen vun den Arbitteren,
déi oft am Mëttelpunkt vun der Kritik stinn an deenen hir heiandsdo
onpopulär Décisiounen oft kritiséiert ginn, mol zu Recht, mol zu Onrecht.
De Sport brauch awer all seng Acteuren an zu deene gehéiren och d’Arbitter,
déi sech Match fir Match de Kritike vun de Sportler, de Veräinsresponsablen an
de Spectateure stellen an op eng neutral Manéier derfir suergen, dass e Match
sou gerecht wéi méiglech iwwert d’Bühn ka goën.
Keen ass perfekt an net all Décisioun ass ëmmer richteg,
mee et soll ee probéiren a géigesäitegem Respekt mateneen ëmzegoën an
de lëtzebuerger Sport esou op eng fair a konstruktiv Manéier weider ze brengen.
D’Arbitteren vum Basketball, Handball, Volleyball, Football an Deschtennis.
Trailer here