Logo: FLVB

Fédération Luxembourgeoise de Volleyball

3, route d'Arlon  •  L-8009 Strassen • Luxembourg

Tel: +352 - 48 41 86  •  Fax: +352 48 41 81 

Web: http://www.flvb.lu •  Email: mail@flvb.lu

Fédération Luxembourgeoise de Volleyball

Lëtz Volley Camp Beckerich 2012

vum Tom Kirtz

 

Mat 30 motivéierte Kanner um Camp zu Beckerich ass iwer déi 3 Deeg lang Volleyball gespillt ginn mat Hellef vun 4 FLVB-Traineren a 5 Nationalspiller aus den Juniors Kaderen, déi och gehollef hunn. Fir die méscht Kanner war et hieren éischte Stage iwert 3 Deeg.

Den eischten Daag war eng „Kennenlern Phase“, waat awer ganz séier gangen ass, d’Kanner goufen an 3 verschidden Niveau‘en agedeelt, wou dann op Basisübungen, wéi Pass, Manschette, Service an Attak Wert gelued gin ass.

Moies a Mettes sinn 2 Stonnen trainéiert ginn, Owes si Spiller matt de Kanner gemach ginn, mir waren och moies fréi eng Kéier laafen. Den 2. an de leschten Daag hu mir Mettes en Tournoi gespillt.

Eng gudd Besserung dem Natascha an dem Maxime, déi sech leider um Camp verletzt hunn.

D‘Kanner an och de Staff kruten hir Molzechten Mettes an Owes aus der Kichen vunn den Autisten vu Beckerich préparéiert.

Den 31. Oktober géint halwer 6 owes woar de Letz Volley Camp leider riwer, mee d‘Elteren haaten Schwieregketen hier Kanner matt heem ze kréien, well se nach allegueren hier Camp T-shirten hunn misten ennerschreiwen.

Am Résumé waren et 3 flott Deeg, wou d’Trainer vun der Fédératioun och rem festgestallt hunn, dass mir vill gudd Talenter hunn, an dass an de Klibb ganz gudd mat eisen Nowues geschafft get.

 

Lëtz Volley !

 

 

Logo: Facebook