LetzBeach
2018 SCD Beach Volleyball Finals zu Vaduz (LIE) vum 3.-5. August an der Beach Arena.
Maciek Complak/Tom Meres a Felix Fellinger/Chris Zender schléissen 2x mat enger 9. Platz um CEV Small Countries Division Zonal Event am Liechtenstein of.
Nodeems eis 2 Equipen kee Lousgléck an der 1. Ronn haten (Tom a Maciek verléieren 17-21 an 14-21 géint den Seed 1 Chrysostomou/Liotatis CYP an de Chris a Felix verleieren 9-21 an 13-21 géint den Seed 3 Apostolou/Siapanis CYP) ass et nach owes resp. den aneren Daag an der Loserronn weider gaangen.
Tom a Maciek hun näischt géint den Duo McLaughlin/McKelvie SCO ubrenne gelooss a gewannen mat enger konzentréierter Leeschtung souverän mat 21-14; 21-16.
De moien war et dann um Chris a Felix fir nozezéien an dat géint den Duo McKnight/Workman NIR. Den 1. Satz haten sie de Geigner enner Kontroll a sollten deen kloer mat 21-14 fir sech entscheeden. Am 2. Saatz hu se hier Linn awer ebemol verluer a Feeler hu sech an hiert d’Spill ageschlach wou vun d’Nordiren profitéiert hun fir mat 21-19 zum 1-1 a de Sätz aus ze gläichen. Am 3. Saatz hun eis Léiwen nach eng Keier Vollgas ginn a gewannen mat 15-12.
Zitat Chris: “Mär brauchen e bessen Drock dass mer gudd sinn, soss geet et net”.
Duerno stungen den Tom a Maciek um Terrain, des Keier am Rheinpark Stadion Vaduz , an dat géint den Duo Davies/Robins WAL, Seed 6.
Am 1. Saatz konnt keng Equipe sech richteg ofsetzen, mee d‘Waliser waren an den entscheedenden Momenter mei iwwersiichtlech a gewannen schlussendlech mat 21-18.
Mat 100 à l‘heure rappen #Beachlions am 2. Saatz un an iwwerrompelen hier Geigner total. 21-11 an domadder Saatzausgläich.
Mee d‘Waliser sollten sech am 3. Saatz nees erkreien a spillen hier ganz Routine mat vill Rou an Iwwersiicht aus, fir den Ti-Break mat 15-11 ze gewannen.
Direkt dono kruten de Chris a de Felix et mat den Nordiren Scott/Stewart ze dinn.
Hei sollte mer en ähnlechen Szenario ewei am 1. Mätch erliewen.
Am 1. Satz krut keng Equipe den decisiven Ofstand eraus gespillt an d‘Nordiren sollten dat bessert Enn fir sech hun; 21-18.
Trotz grousser Hetzt, hun eis Beachlions am 2. Satz weider gekämpft, mee och en 3 Punkte Virsprong sollt d‘Nordiren net aus der Rou brengen. Sie spillen sech Punkt fir Punkt erun a gewannen den 2. Satz mat 24-22.
Och wann d’Enttäuschung bei deene 4 grouss war, a mei an deenen 2 Mätcher dra war, hun eis Equipen, bei hierer 1. Sortie un engem SCD Tournéier, net enttäuscht a wichteg Erfahrungen gesammelt.
Hei de ganzen Tableau mat alle Resultater:


