LetzBeach
Eisen drëtten Stage vum 13. Abrëll bis den 19. Abrëll war nees zu Klagenfurt am Wörthersee.

Insgesamt 1380 Minuten Ball, 85 Minuten Kraft, 120 Minuten Video an Taktik an ganz vil Physio Minuten stoungen um Programm!
Trainéiert gouf des Kéier zum gréissten Deel dobaussen, fir 3 vun 11 Traininger hun mir leider wéinst den schlechten Wiederkonditiounen missten an d’Beachhal trainéieren goen.
D’Beachteam Obernosterer-Guggi huet während dem ganze Stage mat eis trainéiert. Och e neit forméiert Beachteam Fankhauser/Almer (Top Ten Spillerinnen aus Éisterräich) hun 4 Trainingseinheiten matgemach.
Fir mech (Carole) stoungen vil Wiederhuelungen am Zuspiel, Recep an Attaque (endlëch och mat vil Wand ;-)) um Programm. All Training huet mir gehollef mech ze stabiliséieren an och dofir nach emol en decken Merci un déi verschidden Partnerinnen!
Och an de villen Traininsmatcher mam Dani oder Kathy géint Maria an Martina konnt ech déi eng oder aner nei Taktik unwenden.
Duerch eng liicht Knéiverletzung déi sech d’Rebekka während engem Stage Ufank Abrëll zougezunn huet, konnt d‘Rebekka leider net voll a ganz am Sand matparticipéieren.
Hatt huet dofir vill mat eisem Kiné Fatih Celik un der Mobilisatioun vun sengem Knéi geschafft. Stabi-Übungen, Kraftübungen an ganz vill Lymphdrainage stoungen een bis zweemol den Dag um Programm fir dat hatt schnell nees fit ass fir an de Sand kenen ze goen.
Trotzdem dierft den Sand natiirlech net ganz fehlen; Service an Shoten goufen fläisseg aus dem Stand geübt.
En decke Merci und d‘Maria an Martina déi eis esou kuerzfristeg vil gehollef hun eise Beachstage emzeplangen! An natierlech net ze vergiessen soen mir eisem Trainer Michel Beautier an eisem Physio Fatih Celik och vilmols Merci fir déi super Traininger an déi gutt physiotherpeutesch Begleedung während dem ganze Stage!