Logo: FLVB

Fédération Luxembourgeoise de Volleyball

3, route d'Arlon  •  L-8009 Strassen • Luxembourg

Tel: +352 - 48 41 86  •  Fax: +352 48 41 81 

Web: http://www.flvb.lu •  Email: mail@flvb.lu

Fédération Luxembourgeoise de Volleyball

Eischt Victoire am eischten Tournoi

 

vun Ben Angelsberg (Beachherren Angelsberg/Belhaouci)

 

Nodeems mir ganz Woch iwer hard am Sand zu Cesenatico an Italien tranéiert haaten, sin mir Samsdes op Rumeln bei Duisburg op een C-Tournoi gefuer. An der Beacharena um Toeppersee waren 14 Equipen angeschriwen.

Dei eischt zwee Matcher waren geint dei op Nummer 5 an 4 gesaaten daitsch Equipen. Bei aisem eischten Match huet een ais Nervositéit nach bessi ungesin mee dei huet sech dunn an der Mett vum Satz geluecht. An beiden Sätz konnt een sech ab der Mëtt vun den Sätz ofsetzen an een 2-0 feieren. Des Equipe sollten mir dann awer nach eemol an der Veirelsfinal begeinen wou et ganz enk gin war. Den zweeten Match goung geint Nummer 4 vum Tournoi. Och hei sin mir schweier an den Match komm, konnten dono durch wichteg Punkten fir um Netz den Ecart machen fir och desen Match 2-0  ze gewannen.

Am dretten Match koum et dunn zu aisem bis dohinn schweiersten Geigner. Et waren des Gebridder Müller dei op 1 gesat waren. Et war des een ganz emkämpften Match mat dem besseren Enn fir dei zwee Bridder. Beid Equipen haaten een perfekten Side-out an sou konnt sech keen ofsetzen. Duerch  1-2 Fehler um Schluss vum Satz konnten sie desen Match fir sech entscheeden. Fir ais ass den Tournoi dunn an der Trouschtronn weidergaangen. Hei goung et nach eemol geint Spiller vum eischten Match. Den eischten Satz war schnell entscheed an konnt mat 15-7 gewonnen gin. Den Satz drop huet et bessi un der Konzentratioun gehappert an leider gouf desen Satz denkbar knapp mat 14-16 ofgin. Beim dretten Satz ass et dunn rem mei ronn gelaaf an desen konnt duerch gudd Defensen vum Djamel Belhaouci gedreint gin. An der Halleffinal war et dunn aisen bis dato beschten Match. Den Block huet fonktioneiert, Bäll goufen an der Defense geraf an Punkten fir um Netz verwandelt. Sou konnt den eischten Satz geint Fritz/Giesen mat 15-11 gewonnen gin. Den zweeten war bis zum Schluss spannend, bis een Bäll in extremis vum Djamel Belhaouci gerett gouf an direkt fir um Netz duerch een plazéierten Ball an den Eck an den läschten Punkt emgewandelt gouf sou dass och den zweeten Satz un Letzebuerg goung mat 17-15.

An der Final hun mir dunn geint Sudy/Franz gespillt, dei iwerraschenderweis Müller/Müller an 3 Sätz bezwongen haaten. Middegkeet war an den Been ze spieren an sou hun dei eischt Bällwiessel extra weigedo. Trotzdem kruut een sech Mëtt vum Satz erkreien an den klengen Retard rem remkreien an souguer an een Virsprong zum Schluss emwandelen. 16-14 wor hei den Score nom eischten Satz. Den zweeten hun mir nach eemol alles gin an konnten ais schnell ofsetzen. Desen Ecart sollten dei zwee Daitsch och net mei remkreien an sou wor des Victoire fir den Tournoi zu Rumeln.

Des sin dann dei eischt Punkten fir JPEE 2013 zu Letzebuerg. Dei nächst gin dann hoffentlech nächsten Weekend zu Köln gefongen wou mir Samsdes (B-Tournoi) an Sonndes (C-Tournoi) spillen. 

 

Logo: Facebook