D’Juegd op d’Punkten
Beachdammen zu Gembloux

Vun Norma Zambon/Anne Grethen
D’Juegd op d’Punkten fir d’Qualifikatioun vun den JPEE 2013 ass geschter mam 1. Tournoi zu Gembloux an der Belge gestart gin.
Mär hun eis eicht 25 Punkten bei desem heich dotéierten Tournoi vun der Kategorie „Séries Nationales“ bei schlechten Wiederkonditiounen (maximal 6 Grad an zimlech fiicht) mat enger 7 Plaatz geholl.
Net manner ewei 6 Equipen aus den Top Ten vum belschen Championnat waren um Start. Zeiteweis waren gudd Usätz ze gesin, virun allem am 1. Mätch wou mer geint eng ganz staark defensiv Equipe e gudde Mätch ofgeliwwert hun an iwwerraschend deitlech gewonnen hun.
Hei eis Resultater aus der Pool:
1. G/Z – Beken Ilke a Joke: 21-11
2. G/Z – Bellens/Olivier: 15-21
3. G/Z – Thielemans-Van Asche: 10-25
4. G/Z – Callens-Verstrepen: 15-21
Spill em Plaatz 7: G/Z – Dehaes- De Valkeneer: 21-14
Nächst Tournoi’en:-
19.5. Dernbach, Kategorie A-
20.5. Rohrbach, Kategorie B