Géigner vun de Lëtzebuerger Veräiner si bekannt Um Mëttwoch Metteg waren zu Lëtzebuerg d' Auslousungen fir d' europäesch Kompetitiounen.
3 Lëtzebuerger Veräiner hate sech gemellt fir am CEV Challenge Cup ze spillen.
D' Auslousung huet erginn datt den Doublésgewënner bei den Dammen, Gym Volley, géint Sudosa Assen aus Holland dierf untrieden.
Den Allermatch ass an Holland tëschent dem 27. an 29. Oktober. De Retour ass tëschent dem 3. a 5. November zu Lëtzebuerg programméiert.
Den Coupegewënner VC Luerenzweiler dierf als éischt doheem a Norwegen géint den BK Tromsoe untrieden iwwerdeems de Champion VC Stroossen fir den Allermatch an de Süden bei Cisneros Alter La Laguna op Teneriffa reesen dierf.
D' Allermatcher bei den Hären ginn tëschent dem 10. an 12. November, d' Retourmatcher eng Woch méi spéit gespillt.