Am éischte Match vum Owend, konnt de VC Mamer den Supercup Titel verdeedegen. Den Doublégewënner vun 2025 huet mat engem 3-0 géint den RSR Walfer elo de 4. Titel hannerteneen gewonnen.
VC Mamer 1
-
RSR Walfer 1
3:0 ( 25:19 25:17 25:23 )
Bei den Hären gouf et eng Iwwerraschung. Den Doublésgewënner VC Stroossen konnt d' Ausfäll vun Matilde da Luz an dem MVP vun 2025 Mateja Gajin net kompenséieren a verléiert an enger ganz enker Partie mat 2-3 géint de Coupefinalist vun 2025 VC Fenteng. Virun allem am fënnefte Saz koumen d' Spectateuren op hir Käschten.