FLVB News
Um fënnefte Spilldag konnt de Volleyball Iechternach bei den Hären déi éischt Victoire feieren. Bei den Damme kroopt sech den Volley Bartreng e Punkt géint de VC Mamer.
Hären
3 mol 3-0 konnte sech d' Heemekippen duerchsetzen. Fir den VC Stroossen war d' Victoire géint de CHEV Dikrech e gutt Stéck méi einfach, wéi fir de Volleyball Iechternach (géint Esch) an de Volley Bartreng (géint de VC Lorentzweiler).
| VCS Hommes 1 | - | CHEV Hommes 1 | 3:0 ( 25:10 25:19 25:14 ) | ||
| VB Hommes 1 | - | VCL Hommes 1 | 3:0 ( 25:21 25:21 25:23 ) | ||
| VBE Hommes 1 | - | EVBC Hommes 1 | 3:0 ( 25:19 25:23 33:31 ) |
Dammen
Fir den Volley Bartreng war et schonn déi drëtt 2:3 Defaite an der aktueller Saison. Dës Kéier konnte si den Favorit, an Tabellenéischten, Vc Mamer bis an de fënnefte Saz zwéngen. Stengefort konnt 3 sätz laang gutt géint de Volley80 mathalen, Gym huet Walfer gefuerdert awer net bezwénge kënnen an Iechternach hat keng Chance géint den Escher VBC.
| VB Dames 1 | - | VCM Dames 1 | 2:3 ( 26:28 27:25 19:25 25:22 17:19 ) | ||
| VBE Dames 1 | - | EVBC Dames 1 | 0:3 ( 19:25 13:25 18:25 ) | ||
| GYM Dames 1 | - | RSRW Dames 1 | 0:3 ( 20:25 23:25 24:26 ) | ||
| VCSTE Dames 1 | - | V80P Dames 1 | 1:3 ( 25:23 22:25 21:25 8:25 ) |