Skip to main content

News

MEVZA U20: Ee Saz géint Ungarn gewonnen

| MEVZA
© FLVB

Um zweeten Dag vun der Europameeschterschaftsqualifikatioun bei den U20 Volleyball Hären huet Lëtzebuerg mat 1-3 géint Ungarn verluer.

No nervösem Ufank am éischte Saz hu sech d' Lëtzebuerger stabiliséiert an si hunn hir Géigner zu méi Feeler gezwongen. Den 19-25 huet opjiddefall Hoffnung gemaach.

Am zweete Saz waren déi jonk rout Léiwen besser am Match. Service huet geklappt an och Präzisioun an der Pass war um Rendezvous. Mat variablem Offensivspill hu sech d' Lëtzebuerger bei 17-16 en éischte Virsprong erkämpft. Mat vill Courage konnten d' FLVB Selektioun de Virsprong nach ausbauen a gewënnt den zweete Saz géint Ungarn mat 25-20.

Am drëtte Saz huet Konzentratioun nogelooss an Bäll déi am zweete Saz nach am Terrain waren, sinn elo knapps an den Aus geflunn. Ungarn gewënnt den drëtte Saz nees mat 25-19.

Am véierte Saz ass guer näischt méi gaangen. Ungarn war fréi mat 3 Punkten am Avantage an d' Lëtzebuerger hu kee Mëttel fonnt fir dogéint ze halen. Wou den Noah Oesch duerch en Ball an Gesiicht kuerzzäiteg huet misse vum Terrain, sinn Lëtzebuerger komplett agebrach. Ungarn gewënnt de Saz mat 25-10.

Muer spillt Lëtzebuerg, nees um 16h30, géint Slowenien déi sech haut an enger ganz enker Partie mat 3-1 géint Tschechien behaapt hunn.

An der Pool A huet Slowakei mat 3-0 géint Zypern gewonnen an Israel klappt Eisträich mat 3-1.

 

FLVB News