Strassen, le 23 septembre 2026
An hirem éischte Match an der Europameeschterschaftsqualifikatioun vun den U20 Volleyball Hären huet Lëtzebuerg mat 0-3 géint Tschechien verluer.
Géint déi grouss gewuessen Tschechen - ee vun de Spiller ass mat 2m12 de gréisste Spiller vum Tournoi - hunn d' Lëtzebuerger mat enger Duerchschnëttsgréisst vun 184 cm nët déi richteg Léisunge fonnt.
Ze wéineg Drock mam Service huet den Tschechen all Méiglechkeeten gelooss fir hier Offensiv auszespillen. Dobei hat och de Lëtzebuerger hier Receptioun net de beschten Dag erwëscht an de Spillopbau huet sech ze dacks op d' Baussepositioune beschränkt.
Och wann Tschechen als Favoritt vun der Pool B gëllen war fir déi jonk rout Léiwen méi ewéi en 11-25, 14-25 an 15-25 dran.
Muer spillt Lëtzebuerg, nees um 16h30, géint Ungarn déi haut och mat 0-3, géint Slowenien verluer hunn.
An der Pool A huet Israel mat 3-1 géint Slowakei gewonnen an Eisträich klappt Zypern mat 3-0.