Skip to main content

News

U20 Selektioun preparéiert sech op Eurovolley 2027 Qualifikation

| NATIONAL TEAM

Nodeems am Januar esouwuel U18 Jongen ewéi Meedercher um MEVZA Tournoi a Slowenien, respektiv Kroatien éischt Erfarunge sammele konnte reesen Enn September d' U20 Männer fir déi 1t Ronn vun der EM-Qualifikatioun an Éisträich.

Den Tournoi gëtt am Kader vun der MEVZA vum 23.-27. September zu Steinbrunn ausgedroen. Zesumme mat Lëtzebuerg an dem Ausriichter Éisträich sinn och nach Tschechien, Ungarn, Israel, d' Slowakei, Slowenien an Zypern mat dobäi.

An der Lëtzebuerger Pool B geet et als Éischt géint Ungarn, duerno géint Slowenien an Tschechien.  

De Lëtzebuerger Kader gëtt ugefouert vun de Nowuesstalenter déi schonn am Juni bei der Lëtzebuerger A-Ekipp an der European League mat dobäi waren.

Mam Filip Bilan, Jakub Karzel, Loris Metzger a Noah Oesch kruten direkt 4 U20 Spiller Spillpraxis an der A-Selektioun déi si sollt op dës Campagne virbereede fir eventuell deen een oder anere Sazgewënn mat zréck op Lëtzebuerg ze bréngen.

De Lëtzebuerger Kader :

Bibel Akos, Finzi Felix  (Volley Bartreng)

Bilan Filip (VC Fenteng)

Braun Cedrik, Muhovic Danis (VC Lorentzweiler)

Giannandrea Antoine, Mehlinger Milo , Spahn Jean (RSR Walfer)

Karzel Jakub, Kohn Mathieu, Logelin Lee (VC Stroossen)

Metzger Loris, Oesch Noah, Wildgen Charel (Volleyball Echternach)

Staff:

Headcoach : Krivov Ranguel                            Scout : Grégoire Besse

Assistant Coach : Dascalu Pompiliu                 Team Manager : Burelbach Marc

FLVB News