FLVB News
An senger Reunioun vum 19. August huet den conseil d' administration festgehalen datt d' Supercoupe 2026 vum Volleyball Iechternach organiséiert gett.
D' Supercoupe 2026 gett eng éischte Kéier iwwer 2 Deeg gespillt: Samschdeg den 17. Oktober ginn Halleffinalle gespillt an den Sonndeg 18. Oktober d' Finallen.
Qualifizéiert sinn déi respektiv Championen, Coupegewënner esouwéi d' Vizechampionen an d' Vizecoupegewënner. Ekippen déi Duebel representéiert sinn ginn duerch déi nächstbescht classéiert Ekipp vun der MIXVOIP League ersat.
Programm fir Halleffinallen um Samschdeg:
13:00 1/2 Finall Dammen 1 CS Gym Volley VC Steinfort
15:30 1/2 Finall Hären 1 VC Lorentzweiler CHEV Diekirch
18:00 1/2 Finall Dammen 2 RSR Walfer VC Mamer
20:30 1/2 Finall Hären 2 Volley Bartreng VC Stroossen
D' Finallen um Sonndeg
16:30 Finall Dammen Gewënner vun den Halleffinallen
19:00 Finall Hären Gewënner vun den Halleffinallen
Location, Challengesystem an Netzer
D' Matcher ginn alleguer an der Sportshal vum centre sportif et scolaire Michel Rodange zu Waldbëlleg gespillt.
Eng éischte Kéier kënnt dann och den Videochallengesystem vun der Federatioun an den Asaz. Hei hëllefen 18 Kameraen dëm Arbitter bei der Decisioun.
Donieft gett och mat engem neie "bedréckte" Netz gespillt dat Visibilitéit vum Ligasponsor MIXVOIP erhéije wäert.