Den Volley Bartreng huet de Weekend vum 10.-12. Juli op déi 36. Editioun vumMixed Open Air invitéiert.
Um gréisste Wisentournoi an der Groussregioun waren Ekippen aus 6 verschiddene Länner (Lëtzebuerg, Däitschland, Frankräich, Holland, Tschechien a Schwäiz) dobäi.
An den 2 Kategorien (Leistungsklasse an Thekenmannschaft) ware jeweils 28 Ekippen ugemellt, mat zum Deel ganz ausgefalene Nimm:
· MOA Spritz, less Problems, Fehlt bei Rucola eigentlich ein M oder Fürst von Schmetternicht an Schlupp des Jeunes
Lass goung et um Samschdeg um 11h30. Fir (mat de Matcher) net an Nuecht ze falen gouf op Zäit gespillt fir déi verschidden Divisiounen um zweeten Dag ze bestëmmen.
No der grousser MOA Party, mat Public Viewing vun der Futtballweltmeeschterschaft, ass et um Sonndeg Moie (9h30) weider gaang. D' Finall war fir 17h programméiert a gouf vun den Pimmelpiraten gewonnen.